Affär Platini a BlatterSchwäizer Parquet geet an Appell

RTL Lëtzebuerg
Nodeems déi zwee Futtballfonctionnairë vun der Reproche vum dubiéisen Transfert vu Sue fräigesprach goufen, kéint sech d'Situatioun elo awer nach änneren.
© AFP

De Schwäizer Parquet wéilt an enger éischter Instanz duerch den Appell bewierken, datt d’Schwäizer Gericht dat mëndlecht Urteel vum 8. Juli schrëftlech begrënne soll. Doriwwer eraus soll d’Gericht erklären, fir wat d’Entscheedung zu Gonschte vun den Ugeklote Joseph Blatter a Michel Platini gefall ass.

Dës schrëftlech Begrënnung soll dann an enger zweeter Instanz dozou bäidroen, de Prozess nach eng Kéier ze lancéieren, sollt sech erausstellen, datt d’Urteel juristesch op wackelege Bee stoe géif.

Back to Top
CIM LOGO