
32 Ekippe kämpfen och dës Saison ëm den Titel an der Kinneksklass. En Donneschdeg goufen d’Ekippen an 8 Gruppen agedeelt. Bei de qualifizéierte Veräiner steet kee Lëtzebuerger Nationalspiller ënner Vertrag.
RTL iwwerdréit och dës Saison nees dënschdes a mëttwochs d’Champions League. Kommentéiert ginn d’Matcher vum Jeff Kettenmeyer a vum Futtballexpert Paul Philipp.
Grupp A
Ajax Amsterdam
FC Liverpool
SSC Neapel
Rangers FC
Grupp B
FC Porto
Atlético Madrid
Bayer Leverkusen
Club Brügge
Grupp C
FC Bayern München
FC Barcelona
Inter Mailand
Viktoria Pilsen
Grupp D
Eintracht Frankfurt
Tottenham Hotspur
Sporting Lissabon
Olympique de Marseille
Grupp E
AC Mailand
FC Chelsea
FC Salzburg
Dinamo Zagreb
Grupp F
Real Madrid
RB Leipzig
Schachtar Donezk
Celtic Glasgow
Grupp G
Manchester City
FC Sevilla
Borussia Dortmund
FC Kopenhagen
Grupp H
Paris St. Germain
Juventus Turin
SL Benfica
Maccabi Haifa
D’Gruppephas gëtt vum 06. September bis den 02. November gespillt. D’Aachtelsfinalle sti vum 14. Februar bis den 15. Mäerz um Programm. D’Véierelsfinalle ginn iwwerdeems tëscht dem 11. an dem 19. Abrëll gespillt. D’Halleffinalle si vum 9. bis den 17. Mee programméiert. D’Finall ass fir den 10. Juni 2023 zu Istanbul am Atatürk-Olympiastadion geplangt.