
D’SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team ronderëm de Kapitän Gilles Muller muss no der 4:1-Victoire géint Südafrika de leschte Weekend elo Mëtt September am Weltgrupp II a Slowenien untrieden.
Gespillt gëtt entweder freides a samschdes (15. a 16. September 2023) oder samschdes a sonndes (16. a 17. September 2023). Dee Choix läit bei der Heemnatioun, also Slowenien.
Slowenien ass aktuell d’Nummer 48 an der Weltranglëscht, (Lëtzebuerg steet op der Plaz 65) an huet de Weekend mat 0:4 an der Tierkei verluer.
Toppspiller si bei de Slowenen den Aljaz Bedene (342 am ATP-Ranking) an de jonke Bor Artnak (672 am ATP Ranking).