WM-Qualifikatioun am FuttballSébastien Thill fir Lännermatch géint d'Slowakei nonominéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'FLF e Freideg an engem Communiqué matgedeelt huet, wäert de Sébastien fir d'WM-Qualifikatiounspartie e Sonndeg am Kader stoen.
© Val Wagner (Archivbild)

Wéi am Schreiwes vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun preziséiert gëtt, wier d’Decisioun getraff ginn, well de Christopher Martins weiderhi blesséiert ausfält a well de Seid Korac no senger rouder Kaart am Match géint Nordirland jo gespaart ass. De Sébstien Thill spillt zanter September 2023 bei Stal Rzeszow a Polen.

Beim Debut vum Jeff Strasser als neie Futtballnationaltrainer gouf et en Donneschdeg fir d’Rout Léiwen eng 1:3-Defaite géint d’Nordire beim Optakt vun hirer WM-Qualifikatiounscampagne. E Sonndeg geet et da géint d’Slowakei, déi sech mat 2:0 géint Däitschland duerchsetze konnt.

D’Partie kënnt Dir e Sonndegowend um 20.45 Auer Live op RTL Tëlee Lëtzebuerg, op RTL Zwee an online op RTL Play an RTL.lu suivéieren.

Liest hei d'Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO