Champions LeagueSébastien Thill nominéiert fir de Gol vun der Gruppephas

RTL Lëtzebuerg
Wien erënnert sech net gären un dem Sébastien Thill säin éischte Gol an der Kinneksklass vum Futtball.
Gol vum Sébastien Thill
....

Et war déi 90. Minutt an am Estadio Bernabeu zu Madrid stoung et 1:1 tëscht Real a Sheriff Tiraspol. Du koum de groussen Optrëtt vum Lëtzebuerger Nationalspiller, deen de Ball sensationell aus ronn 21 Meter an de Gol geschoss huet an domat fir d'2:1-Victoire vun Tiraspol gesuergt huet.

Genee fir dëse Gol kann een elo stëmmen an zwar bei der Wiel vum Gol vun der Gruppephas an der Champions League. Nieft dem Sébastien Thill sengem Gol zu Madrid, stinn nach 9 weider Goler zur Auswiel. Ofstëmme kann een hei.

Back to Top
CIM LOGO