
E Sonndeg stoung de Marvin Martins mat Austria Wien an der éisträichescher Bundesliga um Terrain. D’Wiener hunn doheem 2:1 géint de Wolfsberger AC gewonnen. Domat huet de Veräin vum Lëtzebuerger déi lescht fënnef Matcher gewanne kënnen.
De Sébastien Thill a Sheriff Tiraspol hunn an der moldawescher Liga eng Néierlag mussen astiechen. Am Heemmatch géint Milsami stoung et no 90 Minutten 0:1 aus der Siicht vun der Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller. Vun der 79. Minutt un huet Tiraspol just nach zu 10 gespillt, well et eng Rout Kaart gouf.
An der drëtter däitscher Liga huet den FC Magdeburg, de Veräin vum Eldin Dzogovic, iwwerraschend géint den Tabelleleschten Türkgücü München mat 1:2 verluer. De Lëtzebuerger stoung net am Kader.
An Dänemark waren dräi Lëtzebuerger am Asaz. De Farid Ikene, de Yan Bouché an den Diogo Pimentel stounge beim Match Jammerbugt géint Vendsyssel um Terrain. Den Heemmatch goung mat 0:1 verluer, domat bleift Jammerbugt Tabelleleschten.
De Laurent Jans war mat Sparta Rotterdam am Heemmatch géint G.A. Eagles vun Deventer gefuerdert. No der Paus konnte seng Faarwen den 1:0 markéieren, wat och d’Schlussresultat war. De Lëtzebuerger gouf an der 82. Minutt fir déi lescht Minutten agewiesselt. Rotterdam séchert sech domat wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. De Mika Pinot stoung net am Kader.
Bei der 4:1-Victoire vun New York City géint Montreal stoung de Maxime Chanot zwar am Kader, gouf awer net agewiesselt. New York City steet no dräi Spilldeeg an der Eastern Conference op der véierter Plaz.
An der Bundesliga gëtt iwwerdeems e Samschdeg d’Partie tëscht Augsburg a Mainz (Leandro Barreiro) wéinst Corona verluecht. Dem 1. FSV Mainz sti weiderhin net genuch Spiller zur Verfügung. De leschte Weekend war schonn d’Partie géint de BVB op den nächste Mëttwoch verluecht ginn.
Net gespillt gëtt de Weekend och de Match tëscht dem HSV an Aue (Dirk Carlson an Tim Kips). Beim HSV gëtt et den Ament e gréissere Corona-Cluster.
Am belsche Championnat huet Royale Union SG e Freideg den Owend kloer mat 4:1 zu Louvain gewonnen. Den Deniz Undav (27', 48', 62') huet direkt dräimol getraff. Den Anthony Moris huet nëmmen eemol hannert sech misse gräifen, dat beim Eelefmeter vum Siebe Schrijvers an der eelefter Minutt.
Mat 70 Punkte bleift St-Gilloise un der Tabellespëtzt viru Bruges.
An der englescher Championship huet sech Huddersfield Town mam Danel Sinani auswäerts misse mat engem 2:2 géint West Bromwich zefridde ginn. 6 Minutte viru Schluss louch Huddersfield nach mat 2:0 a Féierung. An de Schlussminutte sinn de Gäscht nach 2 Goler gelongen. De Sinani gouf an der 78. Minutt ausgewiesselt.
Huddersfield steet aktuell op enger direkter Opstigsplaz.
An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Sandhausen mam Maurice Deville 1:1 zu Darmstadt gläichgespillt. De Kutucu huet duerch säi Gol an der 84. Minutt de Punkt fir d’Gäscht geséchert. Den Deville gouf an der 77. Minutt agewiesselt.
Darmstadt steet an der provisorescher Tabell un der Spëtzt. Sandhausen läit op der 15. Plaz an huet mat engem Match méi véier Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz.
An der 1. zypriotescher Liga huet den Tim Hall mat Ethnikos Achnas 4:0 géint Paeek am Makario-Stadion an der Haaptstad vun Zypern gewonnen.
Den Eric Veiga huet mat Vilafranquense 1:1 géint Leixoes am Estadio do Mar bei Porto gespillt.