
De Vahid Selimovic war an der griichescher Liga géint Panathinaikos Athen am Asaz. De Lëtzebuerger stoung an der Startopstellung an huet an der 25. Minutt den tëschenzäitlechen 1:1 markéiert. Kreta huet um Enn de Match mat 3:2 gewonnen. De Selimovic huet duerchgespillt.
D’Ekipp vum Danel Sinani, deen 90 Minutte laang gespillt huet, huet 2:0 duerch e Gol vum Duane Holmes an der 75. Minutt an een zweete vum Jordan Rhodes (79') de Match géint Derby County fir sech entscheet.