World University GamesSëlwer fir d'Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin huet sech just missen der Italieenerin Laura Pellicoro geschloe ginn.
D'Finall iwwer 1500 Meter
D’Finall iwwer 1500 Meter
© AFP

Op de World University Games zu Chengdu a China gëtt et no der Goldmedail vum Patrizia van der Weken iwwer 100 Meter eng zweet Medail fir Lëtzebuerg.

E Sonndeg de Moien huet sech d’Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter Sëlwer geséchert. D’Lëtzebuergerin hat sech vun Ufank un an den éischte Positioune festgesat an hat am Agang vum leschten Tour d’Féierung iwwerholl. Op de leschten 200 Meter huet d’Vera Hoffmann d’Italieenerin Laura Pellicoro misse laanschtloossen. Si huet sech mat enger Zäit vu 4 Minutten, 15 Sekonnen an 82 Honnertstel Gold geséchert. D’Vera Hoffmann ass e Chrono vu 4 Minutten, 16 Sekonnen a 47 Honnertstel gelaf. Bronze ass un d’Silan Ayyildiz aus der Tierkei gaangen (4:17,26 Minutten).

Et war eng relativ lues Course. Dem Vera Hoffmann säin nationale Rekord läit bei 4 Minutten, 6 Sekonnen a 94 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO