Finall tëscht Ägypten a SenegalSenegal wënnt fir d'éischte Kéier den Afrika-Cup

RTL Lëtzebuerg
An engem dramateschen Eelefmeterschéissen hu sech d'Westafrikaner géint de Rekordgewënner Ägypten duerchgesat.
© AFP

De Senegal huet fir d’éischte Kéier den Afrika-Cup gewonnen. No zwou verluerene Finallen 2002 an 2019 huet d’Ekipp ronderëm den Topstar Sadio Mané de Rekordgewënner Ägypten (siwen Titelen) mat 4:2 am Eelefmeterschéisse geklappt. Den decisiven Eelefmeter huet de Mane vum FC Liverpool verwandelt. An der regulärer Spillzäit an an der Verlängerung ware keng Goler gefall. Ägypten an de Mohamed Salah mussen domadder op hiren éischte Succès zanter 2010 weider waarden.

De Mané gouf um Enn zum Matchwinner, obwuel hien an der siwenter Minutt mat engem Fouleelefmeter nach um staarken ägyptesche Golkipp Gabaski gescheitert war. Insgesamt war et eng zéi Finall. Ägypten huet sech no dräi Verlängerungen an de Matcher virdrun schwéier gedoen. De Senegal huet de Match spilleresch bestëmmt, ass awer ëmmer nees um Gabaski gescheitert.

Kamerun hat sech e Samschdeg déi drëtt Plaz geséchert, dat duerch ee 5:3 am Eelefmeterschéisse géint de Burkina Faso. An der regulärer Spillzäit hat Kamerun een 0:3-Réckstand an een 3:3 verwandelt.

Back to Top
CIM LOGO