
Eréischt leschte Summer war de Sergio Agüero vu Manchester City a Spuenien bei den FC Barcelona gewiesselt. Nodeems sech den Argentinier no enger Blessur un der Wued zeréck op den Terrain gekämpft hat, gouf et an der Suite de grousse Schock. Den 33 Joer ale Futtballer ass wärend dem Championnatsmatch géint Deportivo Alaves Enn Oktober zesummegebrach a gouf ausgewiesselt.
No Kontrollen am Spidol goufen Häerzproblemer diagnostizéiert. Zanterhier stoung den Agüero och net méi um Terrain. Mat Tréinen an den Ae sot den Agüero e Mëttwoch: “Dat ass ee schwierege Moment fir mech, mee ech hunn d’Decisioun wéinst menger Gesondheet geholl. Ech sinn immens houfreg op meng Karriär.”