
Komplettéiert gëtt de Podium vun der Italieenerin Federica Brignone an der Norwegerin Ragnhild Mowinckel. D’Mikaela Shiffrin hat sech virun zwee Deeg iwwerraschend vun hirem Cheftrainer Mike Day getrennt. Am Riseslalom huet d’Favoritin sech mat 0,12 Sekonne Virsprong behaapt. D’Titelverdeedegerin Lara Gut-Behrami kënnt op Plaz 4.

D’Lëtzebuergerinne Gwyneth an Joyce Ten Raa koumen op déi 37., respektiv 51. Plaz.
D’Victoire vum Shiffrin koum wéineg iwwerraschend. Vun de bis elo 8 Weltcup-Leef am Riseslalom dëse Wanter huet d’Amerikanerin der 5 gewonnen, dorënner déi e lescht hannerteneen. Mat elo 7 Titelen an 13 Medaile bei Weltmeeschterschaften läit d’Mikaele Shiffrin an der éiweger Beschtelëscht op Plaz 2 hannert der däitscher Ski-Legend Christl Cranz (15 Medailen, 12 Gold).
Op der Biathlon Weltmeeschterschaft zu Oberhof an Däitschland konnte sech d’Norweger Marte Olsbu Röiseland an de Johannes Thingnes Bö an der Single-Mixed-Staffel duerchsetzen.
D’Sëlwermedail goungen un d’Éisträicher Lisa-Theresa Hauser an den David Komatz.
D’Italiener Lisa Vittozzi an den Tomasso Giacomel konnte sech iwwert d’Bronzemedail freeën.