Olympesch Spiller 2028Skateboard, Surfen a Klotere bleiwen zu Los Angeles am Programm

RTL Lëtzebuerg
Skateboard, Kloteren a Surfe sinn no hirer Première zu Tokio um Wee, fir feste Bestanddeel vum Programm vun de Summerspiller ze ginn.
© AFP (Archiv)

Dräi traditiounsräich Sportaarte mussen dogéint ëm hir olympesch Zukunft fäerten: Boxen, Gewiichthiewen an de Moderne Fënnefkampf sti fir Los Angeles 2028 ënner strenger Beobachtung vum Internationalen Olympesche Comité. Dat huet den IOC-President Thomas Bach no der Sëtzung vum Exekutivcomité en Donneschdeg matgedeelt.

D’Boxe war ënnert anerem an d’Kritik gerode wéinst Korruptioun beim Verband a skandaléisen Urteeler vun de Kampfriichter bei den Olympesche Spiller zu Rio. Beim Gewiichthiewe gouf et an de leschte Joren ëmmer nees Doppingfäll, et gouf versicht, fir dës ze vertuschen an et gouf Korruptioun. De Moderne Fënnefkampf ass zanter de Spiller zu Tokio massiv an der Kritik. Hei soll an Zukunft d’Reiden duerch eng aner Sportaart ersat ginn.

D’Bestätegung vun den Trendsportaarte Skateboard, Kloteren a Surfe fir d’Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles bei der IOC-Sëtzung am Februar zu Peking ass nëmmen nach eng Formsaach.

Back to Top
CIM LOGO