
D’Champions League ass vun der Saison 2021/2022 net méi bei Sky ze gesinn. Déi Responsabel vum Bezuelsender hunn d’Nouvelle vun den däitsche Medien en Donneschdeg de Moie bestätegt.
No ronn 20 Joer wär ee sech net méi mat der Uefa iwwert een neie Kontrakt eens ginn, sou de Chef vu Sky-Däitschland Carsten Schmidt.
An Zukunft wäerte sech d’Streamingplattformen Dazn an Amazon d’Rechter deelen.
D’Finall déi ass vun 2022 bis 2024 dann awer nees op der däitscher Tëlee ze gesinn. Den ZDF iwwerdréit d’Partien.