SchifléienSlowenien gewënnt Team-Skifléien zu Planica

RTL Lëtzebuerg
Op déi 2. Plaz klasséiere sech d'Sprénger aus Norwegen. Déi 3. Plaz um Podest ass fir Éisträich .
© AFP

Kuerz virum Enn vum Weltcup ass zu Planica zum Ofschloss dat traditionell Schifléien. Virun 10.000 frenetesche Supportere konnten den Ziga Jelar (224,5/227 Meter), Peter Prevc (226/236 Meter), Timi Zajc (240,5/241 Meter) an de Anze Lanisek (222,5/237,5 Meter) den Drock virum heemesche Public standhalen a gewannen esou den Team-Wettkampf zu Planica virun Norwegen an Éisträich.

Op déi 4. Plaz kënnt Polen virun Däitschland a Japan.

Back to Top
CIM LOGO