
Sofia Goggia huet zu Lake Louise déi drëtte Victoire an dëser Saison agefuer. D’Italienerin hat am Zil e Virsprong vun 0.11 Sekonnen op d’Schwäizerin Lara Gut-Behrami. Mat engem gréisseren Ofstand vu bal enger hallwer Sekonn ass d’Mirjam Puchner aus Éisträich op Plaz 3 gefuer.
D’Hären Descente zu Beaver Creek ass um Sonndeg den Owend wéinst ze staarkem Wand zu Beaver Creek ofgesot ginn.