
D’Italienerin Sofia Goggia huet no hirer exzellenter Descente e Freideg och um Samschdeg nees eng beandrockend Virstellung gewisen, soudass d’Spannung scho fréi fort war. 2. ass d’Breezy Johnson mat engem däitleche Retard vu 0,84 Sekonne ginn, déi 3. Plaz ass un d’Schwäizerin Corinne Suter mat engem Retard vu 0,98 Sekonne gaangen.
Bei den Hären ass et mam Norweger Aleksander Aamodt Kilde och nees de selwechte Gewënner wéi e Freideg. Komplettéiert gëtt de Podium vum Éisträicher Matthias Mayer mat engem Retard vu 66 Sekonnen a vum Schwäizer Beat Feuz mat engem Réckstand vun enger Minutt an 0,1 Sekonnen.