
De Weltfuttballer Robert Lewandowski huet sech a Bayern München mat engem weidere Rekord fir d’Éiwegkeet d’Chrëschtfest verséisst. De Stiermer vum FCB huet beim 4:0 (1:0) géint de VfL Wolfsburg säin 43. Bundesliga-Gol 2021 geschoss an domadder ee méi wéi de “Bomber” Gerd Müller 1972.
De Pol huet laang misse waarden op säi ganz besonnesche Moment: Hien huet direkt e puer Méiglechkeeten ausgelooss, ier hien an der 87. Minutt dach nach getraff huet a fir d'4:0-Schlussresultat gesuergt huet. Den Thomas Müller (7') hat den däitsche Rekordchampion a sengem 400. Bundesliga-Match a Féierung bruecht. An der éischter Hallschent hunn déi Münchner mat ze wéineg Vitess an ze wéineg Iddie gespillt, sou datt et beim 1:0 bliwwen ass. An den zweete 45 Minutten huet dunn den Dayot Upamecano (57') op 2:0 erhéicht an nëmmen 2 Minutte méi spéit huet de Leroy Sane fir den 3:0 gesuergt.
Bayern München hat sech an der Woch scho fir d'25. Kéier den “Titel” vum Hierschtchampion geséchert. Bei de Wolfsburger leeft et dogéint aktuell guer net gutt. Fir d’Ekipp vum Florian Kohfeldt war et schonn déi siwent Néierlag noeneen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Am italienesche Championnat gouf et och eng kloer Victoire fir de Leader. Inter Mailand huet sech géint den Tabelleleschte souverän mat 5:0 duerchgesat. Fir d’Nerazzurri hunn de Perisic (11'), den Dumfries (33'), de Sanchez (51'), de Martinez (77') an de Gagliardini (87') getraff.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
De Match FC Paräis géint Olympique Lyon an den 1/32-Finalle vun der Coupe de France ass e Freideg den Owend net op en Enn gespillt ginn. Nodeems et an der Paus 1:1 stoung, huet den Arbitter virum Ufank vun der zweeter Hallschent de Match ofgebrach. An der Paus war et zu Ausernanersetzungen tëscht de Fans komm. Béid Fangruppen hu sech mat Géigestänn attackéiert, Pyrotechnik gouf ugefaangen a Freedefeier gezünt.