
Am däitschen DFB-Pokal ass e Mëttwoch den Owend déi lescht Partie vun der 1. Ronn gespillt ginn. Wéinst Coronafäll hat d’Partie tëscht dem Bremer SV (Oberliga Bremen) a Bayern München misse verluecht ginn. Den däitsche Rekordchampion ass senger Favoritteroll gerecht ginn. An der Paus louchen d’Gäscht beim Bremer SV scho mat 5:0 a Féierung. Um Enn huet een d’Partie mat 12:0 gewonnen. Dëst ass déi héchste Victoire zanter 24 Joer fir d’Ekipp vum Julian Nagelsmann. Nach méi héich gewonnen haten d’Bayern am Joer 1997, wéi si DJK Waldberg mat 16:1 geklappt haten.
De Favorit aus München hat e gudde Start an de Match erwëscht. Mat 5 Goler an der éischter Hallschecht war Bayern vun Ufank un déi méi staark Ekipp. Schonn 8 Minutten nom Ustouss war et den Choupo-Moting, deen d’Gäscht a Féierung bruecht huet. 8 Minutte méi spéit huet de Musiala no engem Pass vum Choupo-Moting den 2:0 markéiert. An der 27. Minutt gouf d’Féierung duerch e battere Selbstgol vum Warm weider ausgebaut. Net méi wéi 1 Minutt huet et gedauert, bis et nees gerabbelt huet. Och hei war et nees de Choupo-Moting, deen de Ball an de Filet geschoss huet. 10 Minutte virum Téi huet et sech den däitsch-kamerunesche Spiller net huele gelooss, eng drëtte Kéier ze markéieren. No 35 Minutte stoung et deemno 5:0 fir Bayern. Mat dësem Resultat goung et dunn och an d’Paus.
Am zweeten Duerchgang ass et dem Bremer SV net gelongen, de Match ze dréien. D’Gäscht hunn hirem Géigner keng Chance gelooss an an der 47. Minutt direkt op 6:0 erhéicht. Dës Kéier war et den Tillman, dee geschoss huet. 2 Minutte méi spéit huet de Musiala eng weider Kéier markéiert. Een drop geluecht huet de Sané kuerz éier hien ausgewiesselt gouf. Punktestand an der 65. Minutt: 8:0 fir Bayern. No der 77. Minutt huet de Bremer SV an Ënnerzuel gespillt, den Nobile huet no engem Foul um Tillman misse vum Terrain. An dovun huet de Géigner direkt profitéiert. No enger flotter Virlag vum Gnabry huet de Cuisance de Score op 9:0 geschrauft. 2 Minutte méi spéit ass de Ball op en Neits an de Filet geflunn. Hei war et keen anere wéi de Choupo-Moting, deen d’Féierung op 10:0 ausgebaut huet. De Stiermer war mat senge 4 Goler de Mann vum Match. Och de Sarr huet et sech an der 86. Minutt net huele gelooss, e Mëttwoch den Owend ze treffen. Duerch de Gol vum Tolisso gouf et um Enn eng 12:0-Victoire fir de Rekordchampion.