Op der KockelscheierSpaass fir Grouss a Kleng um COSL Spillfest
Et war schonn déi 41. Editioun vum Spillfest. Dëst Joer konnt ee bei 50 Sportatelieren aktiv matmaachen.
Spaass fir Grouss a Kleng um COSL Spillfest (9.5.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
“Sport a Spill fir déi ganz Famill” - Méi brauch et u sech net, fir dat traditionellt Fest vum Lëtzebuerger Olympesche Comité ze beschreiwen. All Joer op Christi Himmelfaart versammele sech déi sëllege Sportsfederatioune ronderëm de Séi op der Kockelscheier, fir hir Aktivitéiten ze presentéieren.
Spaass fir Grouss a Kleng um COSL Spillfest
Et war schonn déi 41. Editioun vum Spillfest. Dëst Joer konnt ee bei 50 Sportatelieren aktiv matmaachen.
Bei ronn 50 Ateliere konnt een dëst Joer matmaachen. Sou vill wéi nach ni. Doduerch dass de Parking déi Kéier mat genotzt gouf, konnt ee vu méi Plaz profitéieren. Dat huet och gehollef, fir de Food Village ze vergréisseren an d’Waardeschlaange bei den Iess- a Gedrénksstänn ze reduzéieren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.