
Wéi d’Gazzetto dello Sport mellt, soll de 64 Joer alen Italieener als Successeur vum Roberto Mancini ee Kontrakt iwwer dräi Joer bis September 2026 kréien. De Spalletti, deen den SSC Neapel zum Championstitel gefouert hat, kéint e Méindeg seng éischt Pressekonferenz a senger neier Funktioun ginn, heescht et weider. Hie soll den Europameeschter vun 2001 nees zu aler Stäerkt féieren.
De Mancini war manner wéi ee Joer virun der Europameeschterschaft an Däitschland (14. Juni bis 14. Juli 2024) iwwerraschend zeréckgetrueden. Dat wuel fir eng Offer iwwer 120 Milliounen Euro fir e Kontrakt iwwer dräi Joer als Nationaltrainer vu Saudiarabien unzehuelen. Déi italieenesch Medien hate mat schaarfer Kritik reagéiert.
De Mancini hat d’Squadra Azzurra 2021 zu London zum EM-Titel gefouert. D’WM am Katar 2022 hat ee sensationell verpasst. An de Playoffs hat een iwwerraschend géint Nordmazedonien verluer.