Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSparta Rotterdam spillt 1:1 géint RKC Waalwijk

RTL Lëtzebuerg
Sparta Rotterdam, wou jo och de Laurent Jans an de Mica Pinto spillen, ass net iwwert e Remis erauskomm.
Dëst ass eng Foto vum 28. November 2021.
Dëst ass eng Foto vum 28. November 2021.
© MAURICE VAN STEEN / ANP / AFP

An der 27. Minutt ass d’Ekipp vu Jans a Pinto awer als éischt géint RKC Waalwijk ënner Drock geroden, dat duerch e Gol vum Odgaard. 12 Minutten drop, nämlech an der 39. Minutt, ass et dem van Crooij du gelongen den 1:1-Ausgläich fir Rotterdam ze realiséieren. Sou ass et dann och an d’Paus gaangen.

An der 2. Hallschent ass et kenger vu béiden Ekippe gelongen, e weidere Gol ze markéieren, sou dass et beim 1:1 schlussendlech bliwwen ass.

De Mica Pinto stoung de ganze Match um Terrain. De Laurent Jans souz op der Bänk a koum net an den Asaz.

Back to Top
CIM LOGO