
Den Tabellenzweeten aus der ieweschter Divisioun Progrès Nidderkuer kritt et mam Leader F91 Diddeleng ze dinn. Da spillt Titus Péiteng géint d’Etzella, Schëffleng aus der Éierepromotioun däerf doheem géint de Racing untrieden a Käerjeng aus der Éierepromotioun kritt Besuch vun der Escher Fola.
D’Matcher si fir mëttwochs, den 20. Abrëll programméiert.
Bei den Damme goufen d’Halleffinallen ausgeloust. Hei kritt de Gewënner aus dem Match Ent. Izeg / Cebra 01 an Dikrech et mam Racing ze dinn. An der zweeter Partie spille Mamer a Jonglënster géinteneen. D’Matcher ginn den 11. Mee gespillt.