
D’Fifa, de Futtball-Weltverband, huet dofir eng speziell Transfertperiod a béide Länner opgemaach an erméiglecht auslännesche Spiller an Trainer e Wiessel. A Russland kënne si hir Kontrakter esouguer eesäiteg opléisen, dat bis den 30. Juni.
D’Suspendéierung vum Kontrakt bedeit an Hisiicht op béid Länner, datt Spiller an Trainer bis den 30. Juni 2022 als kontraktlos gëllen an et hinne fräi erlaabt ass, ouni Konsequenzen, e Kontrakt mat engem anere Veräin ze ënnerschreiwen, esou heescht et vun der Fifa.
Gläichzäiteg gouf festgeluecht, dass e Veräin nëmme maximal 2 Spiller ënner Kontrakt huelen duerf, déi ënnert dës speziell Reegelung falen.