Rout Léiwe si gutt a Serbien ukommSpezielle Rendez-vous fir de Luc Holtz an de Paul Philipp

RTL Lëtzebuerg
De Mëttwoch de Moien ass déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp mat engem Charter-Vol mat der nationaler Fluchgesellschaft a Serbien geflunn.
© Franky Hippert

En Donneschdeg den Owend um 20.45 Auer spillen d’Rout Léiwen zu Belgrad an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hir 7. Partie an dëser Campagne.

Et ass schonn e komeschen Zoufall, datt den haitegen FLF-President Paul Philipp viru quasi genee 18 Joer op der nämmlechter Plaz säi 87., awer virun allem och leschte Match als FLF-Nationaltrainer hat, an datt den aktuelle Coach Luc Holtz en Donneschdeg, wat d’Selektiounen ugeet, dee Rekord an der serbescher Haaptstad egaléiert.

FLF-Selektioun zu Belgrad/Reportage Franky Hippert

De Paul Philipp hat bis elo an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp effektiv déi meescht Selektiounen als Trainer. De 6. Oktober 2001 war zu Belgrad no 87 Selektiounen a 17 Joer op der FLF-Trainerbänk awer e bësse radikal Schluss.

D’Aart a Weis, wéi de Paul Philipp gewuer gouf, datt hien net méi Nationaltrainer wär, war deemools ënnert dem FLF-President Henri Roemer net onbedéngt elegant. Offiziell war de Paul Philipp dëst nämlech iwwer d’Medie gewuer ginn.

En Donneschdeg gëtt et also dem Luc Holtz och zu Belgrad seng 87. Kéier, datt hien offiziell op der FLF-Trainerbänk sëtzt. De Luc Holtz hat net gemengt, dass hien op esou vill Selektioune géif kommen.

De Mëttwoch de Moien ass et also Direktioun serbesch Haaptstad gaangen. Virun zwee Deeg gouf d’Ekipp eréischt gewuer, datt de Vol, well an der Mëttesstonn de Loftraum iwwer Belgrad ze voll wär, spéitstens um 8.30 Auer zu Lëtzebuerg misst erausgoen. Fir d’Spiller huet dat geheescht, de Mëttwoch de Moien um 5 Auer opstoen.

Den Charter mat der nationaler Fluchgesellschaft konnt de Mëttwoch de Moien dann och pünktlech erausgoen. Am Géigesaz zu auslänneschen Charter-Fliger war de Fliger nämlech grouss genuch, datt d’Spiller dës Kéier kee Gepäck op de Schouss hu missen huelen. D’Fro muss och erlaabt sinn, wéisou d’Lëtzebuerger Sportswelt am generelle keen Ofkommes mat der nationaler Fluchgesellschaft huet, wou de Staat jo Haaptaktionär ass.

De Match kënnt Dir dann och en Donneschdeg den Owend live op der Tëlee um 2. RTL, um Radio an am Stream op RTL.lu suivéieren.

© Franky Hippert
De Luc Holtz an de Laurent Jans am Interview
De Lëtzebuerger Nationaltrainer an de Kapitän vun de Roude Léiwe schwätzen iwwer de Match géint Serbien.

Back to Top
CIM LOGO