FuttballSpillplang vun de Roude Léiwinne bei der Nations League 2023 steet fest
D'Lëtzebuerger Dammen treffen hei op Litauen, Georgien an d'Tierkei. Den éischte Match vun der FLF-Selektioun ass den 22. September a Litauen.
Verëffentlecht: 04.05.23 10:51, Update: 04.12.25 10:13
Dono geet et den 26. September weider géint Georgien doheem. Och kommen d'Tierkinnen den 27. Oktober an an de Grand-Duché, éier d'Rout Léiwinne bei si auswäerts reesen, datt op Halloween 2023. D'Partie a Georgien ass den 1. Dezember a fir den Ofschloss kommen de 5. Dezember d'Dammen aus Litauen op Lëtzebuerg.
PDF: D'Schreiwes vun der FLF mat allen Detailler