Dëst Joer hu sech Sportler aus 61 Länner ugemellt, wat der esouguer dräi méi sinn, wéi nach dat lescht Joer. Den Turnéier d’lescht Joer war mat iwwer 1.000 Kämpfer e grousst Evenement am Kalenner vum internationalen Taekwondo, woufir een och de Label “WT-G1" huet.
E Samschdeg an e Sonndeg geet et all Kéiers um 9 Auer moies an der Coque mat de Competitioune lass.
Weider Detailer fënnt een um Site vu Luxembourg Taekwondo an e Livestream vum Event op hirer Facebook-Säit.