"Gesond Iessen, méi beweegen"Sportlycée bräicht u sech seng eegestänneg Kantin

Franky Hippert
Zwar kréien d'Schüler vum Sportlycée an hirer Schoul eppes d'Iessen, ma dat entsprécht awer net ëmmer hire spezifesche Besoinen.
© RTL-Archiv

“Gesond Iessen, méi beweegen” heescht jo zanter 2006 den interministerielle Programm fir d’Gesellschaft dozou ze beweegen, méi gesond ze liewen. Besonnesch bei Sportler ass d’Ernierung de Bensinn fir de Motor, oder besser gesot fir de Kierper. Fir d’Schüler aus dem Sportlycée gëllt dat natierlech och, just datt a priori an der Kantin mat de beschte Jugend-Sportler aus dem Land et nach dacks virkënnt, datt net direkt op d’spezifesch Besoinen vun den jonken Athleten kann agaangen ginn, ma et éischter esou ass wéi am Rescht vum Land an de Schoulkantinnen. D’Besoinen vun engem Schüler aus dem Sportlycée sinn op deem Plang awer natierlech anerer wéi déi vun engem Duerchschnëttsschüler an deenen anere Lycéeën, dozou den Educatiounsminister Claude Meisch:

“Ech denke Restopolis ass absolut oppen, op spezifesch Besoinen ze goen, Restopolis huet sech déi lescht Joren och ganz nei opgestallt, sief et a Richtung vill méi vegan Platen, vegetaresche Platen, vill méi Bio a lokal och anzekafen, dat war och eng vun de Prioritéiten. Restopolis huet haut och eng ganz Gamm vun Offeren a vu Menüen, déi op Besoinen vun de jeeweilegen Schülerinnen a Schüler ausgeriicht ass, sief et aus reliéisen Grënn, aus medezinesche Grënn, datt net alles kann an wëll giess ginn. Do huet Restopolis sech ganz flott entwéckelt, an ech denken och, datt se eng flott Äntwert kann ubidden, wat d’Besoinen vun de Sportlerinnen a Sportler am Sportlycée ubelaangt.”

Den Educatiounsminister a Restopolis géife sech do enger Entwécklung net verschéissen, esou de Claude Meisch. Vill concernéiert Acteure si sech eens, datt et am Beschte wär, wann de Sportlycée seng eegestänneg Kantin hätt.

Back to Top
CIM LOGO