Benevolat stäerkenSportminister erkläert, wien alles vum neie Congé-Sportif-Gesetz ka profitéieren

Franky Hippert
D'Reform vum Congé Sportif soll ënnert anerem de Benevolat an d'Engagement an de Clibb an an de Federatioune fërderen.

D’Reform vum Congé Sportif soll ënnert anerem de Benevolat an d’Engagement an de Clibb an an de Federatioune fërderen. Viru ronn zwou Woche gouf d’Gesetz an der Chamber gestëmmt. An Zukunft kënnen nieft de Sportler aus den COSL-Kaderen an den Nationalspiller aus den Ekippesportaarten, déi eng Europa- oder eng Weltmeeschterschaftsqualifikatioun spillen, och Sportler, Trainer, Fonctionairen a Benevollen aus Veräiner vum Congé Sportif profitéieren. De Franky Hippert huet beim Sportminister nogefrot, wéi dat konkret ausgesäit.

Sportminister iwwer Congé Sportif/Reportage Franky Hippert

Fir de Georges Engel ass et eng ganz wichteg Reform am Lëtzebuerger Sportsmouvement. Et hofft een elo mat deem neie Congé-Sportif-Gesetz, de Benevolat ze stäerken. D’Patrone mussen awer d’Accord sinn. A priori ass dat awer net anescht, wéi et elo och schonn ass.

Am neie Gesetz ass och virgesinn, datt een de Congé Sportif ka froen, wann ee Formatiounen am Sportberäich mécht.

Duerch d’Komplexitéit vun de Berechnungen duerch dat neit Gesetz, wie wou wéi vill Stonne Congé Sportif ze gutt huet, muss ee Computerprogramm geschriwwen ginn, deen awer eréischt den 1. Januar operationell ass. Dat heescht, déi Veräiner, déi bis d’Enn vum Joer zum Beispill an enger Coupe d’Europe engagéiert sinn, kënnen nach net dovu profitéieren.

Et gouf och ee Moment dru geduecht, fir bis d’Enn vum Joer, dat Ganzt manuell ze erfaassen...duerch déi uewen ugeschwate Komplexitéit, huet d’Regierung awer decidéiert, den 1. Januar d’nächst Joer mam neie Congé Sportif unzefänken.

Back to Top
CIM LOGO