Futtball-WM vun den DammenSpuenien a Schweden stinn an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Op der Futtball-WM vun den Damme goufen um Freideg déi éischt zwou Véierelsfinalle gespillt.

Futtball-WM: Spuenien a Schweden an der Halleffinall

D’Spuenierinne konnte sech um Freideg de Moie fréi no Verlängerung mat 2:1 géint d’Hollännerinnen duerchsetzen. D’Goler an dësem Match sinn allgemeng ganz spéit gefall. D’Maria Caldentey hat d’Spuenierinnen an der 81. Minutt duerch en Eelefmeter mat 1:0 a Féierung geschoss.

Déi hollännesch Kapitänin Stefanie van de Gragt, déi den Eelefmeter verursaacht hat, huet 10 Minutte méi spéit den 1:1 geschoss an doduerch d’Verlängerung erzwongen.

An der zweeter Hallschent vun der Verlängerung huet d’Salma Paralluelo dunn an der 111. Minutt mat engem präzise Schoss an de laangen Eck den decisiven 2:1 markéiert.

Am zweete Match huet sech Schweden och mat 2:1 géint Japan behaapt, wat dach e bëssen iwwerraschend war. Japan war ee vun de grousse Favoritten. D’Schwedinnen haten awer de besseren Dag erwëscht. An der 32. Minutt huet d’Amanda Ilestedt den 1:0 geschoss. An der 51. Minutt konnt d’Filippa Angeldal duerch en Hand-Eelefmeter op 2:0 erhéijen.

Et huet ausgesinn, wéi wa se dat Resultat iwwert d’Zäit retten, ma an der 87. Minutt konnt Japan duerch d’Honoka Hayashi op 1:2 verkierzen. An der 76. Minutt hätt dat scho kënne geschéien, ma do huet d’Riko Ueki bei engem Eelefmeter just d’Lat getraff. Et gouf nach eng laang Nospillzäit, ma et ass an dëser kee Gol méi gefall, wouduerch d’Schwedinne sech mat 2:1 géint Japan duerchsetze konnten.

E Samschdeg sinn dann nach déi zwou aner Véierelsfinallen, tëscht Australien a Frankräich esou wéi England a Kolumbien.

Déi éischt Halleffinall ass dann en Dënschdeg de Moien um 10 Auer, tëscht Spuenien a Schweden.

E Mëttwoch um 12 Auer gëtt dann déi zweet Halleffinall gespillt.

Back to Top
CIM LOGO