Nations LeagueSpuenien klappt Italien a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch hat sech Kroatien scho géint Holland duerchgesat a sech fir d'Finall qualifizéiert.

Béid Ekippen haten e séiere Start. No 3 Minutten huet de Pino vun engem Feeler an der italieenescher Defense profitéiert a Spuenien 1:0 a Féierung bruecht. 7 Minutte méi spéit huet den Immobilie vum Punkt getraff, nodeem de Le Normand de Ball un d’Hand krut. 10 Minutte méi spéit haten d’Italiener nees geféiert, ma de VAR huet de Gol wéinst Abseits zeréckgeholl. Am weidere Verlaf vum der 1. Hallschent sollte Golchance sech rar maachen, esou datt et mat engem 1:1 an d’Paus goung.

Nom Säitewiessel huet et laang no enger Verlängerung ausgesinn, grad well Spuenien e puer ganz gutt Golchance leiegelooss huet. An der 89. Minutt huet de Joselu d’Spuenier dunn erléist. Den Arbitter huet de Jubel zwar ënnerbrach gehat, fir de Gol vum VAR confirméieren ze loossen, huet en dono de Spuenier awer zougesprach. An de véier Minutten Nospillzäit konnt Italien net méi zeréckkommen.

E Sonndeg dann trëfft Spuenien an der Finall vun der Lige A vun der Nations League op Kroatien.

Back to Top
CIM LOGO