
An der éischter Halleffinall vun der Nations League stounge sech den Europameeschter Italien a Spuenien géigeniwwer. D’"Furia Roja” setzt sech no 2 Goler vum Torres duerch a steet als éischte Finalist fest.
Bei Spuenien huet de 17 Joer jonke Gavi vum FC Barcelona säin Debut an der Nationalekipp gefeiert an ass domat dee jéngste Spiller, dee jee fir Spuenien um Terrain stoung.
D’Italieener si besser an de Match komm an no ronn 4 Minutte war et de Chiesa, deen et aus 25 Meter probéiert huet. No dësem Schoss huet Spuenien awer de Match ëmmer méi ënner Kontroll kritt. An der 17. Minutt war et den Torres, deen no enger schéiner Flank vum Oyarzabal zum 1:0 erasetze konnt.
D’Squadra Azzurra huet de Kapp net hänke gelooss a koum duerch de Bernardeschi an den Insigne zu zwou gudde Golchancen. An der 42. Minutt huet de Bonucci no sengem zweete perséinleche Foul mat Giel-Rout misse vum Terrain goen.
An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent war et op en Neits den Oyarzabal, deen op den Torres flanke konnt. De Spiller vu Manchester City léisst dem Donnarumma am Gol keng Chance a käppt zum 2:0-Pauseresultat eran.
Spuenien hat an der 78. Minutt Chance op den 3:0 do leien, allerdéngs konnt den Donnarumma de Schoss vum Oyarzabal gutt paréieren.
No engem Konter konnten d’Italieener 5 Minutte méi spéit duerch de Pellegrini op 1:2 verkierzen. Um Enn sollt et dann awer net méi duergoen, fir de Match ze dréinen. Domat verléiert Italien mat 1:2, et déi éischt Néierlag zanter der 0:1-Defaite am Joer 2018 géint Portugal.
En Donneschdeg den Owend kënnt Dir déi zweet Halleffinall tëscht der Belsch a Frankräich och live op RTL ZWEE an op RTL.lu kucken. Och d’Finall e Sonndeg gëtt live diffuséiert.