Nations LeagueSpuenien setzt sech an der Finall géint Kroatien duerch

RTL Lëtzebuerg
Den 3. Gewënner vun der Nations League heescht Spuenien. No Eelefmeterschéisse war ee Kroatien mat 5:4 iwwerleeën.
© AFP

Et war eng schwaach Partie an där weder Spuenien nach Kroatien an der éischter Hallschent Virdeeler haten. Grouss Golchancë gouf et och keng, soudass d’Säite mat engem 0:0 gewiesselt goufen.

No der Paus war Kroatien an enger éischter Phas méi staark. De Juranovic huet eng gutt Chance awer net genotzt. Op der anerer Säit huet den Asensio puer Minutte méi spéit iwwer de Gol gekäppt. An der 84. Minutt hat Spuenien Geleeënheet, de Match fir sech ze entscheeden. No enger flotter Aktioun iwwer lénks, huet de Perisic dem Ansu Fati säi Schoss vun der Linn gekraazt. Och no 90 Minutten ass et beim 0:0 bliwwen.

An der Verlängerung ass och näischt méi passéiert an d’Entscheedung huet missen am Eelefmeterschéisse falen. Den Unai Simon huet zwee Eelefmeter gehalen a war den entscheedende Mann. Um Enn huet Spuenien mat 5:4 gewonnen.

An der Partie ëm d’Plaz 3 huet sech Italien am fréien Nomëtte mat 3:2 géint Holland duerchgesat. Italien war an der éischter Hallschent séier mat 2:0 vir. D’Goler haten den Dimarco an de Frattesi markéiert. Nom Säitewiessel war Holland besser am Match a koum duerch de Bergwijn op 1:2 erun. De Chiesa huet op der anerer Säit kuerz drop den drëtte Gol markéiert. Dem Wijnaldum säi Gol kuerz viru Schluss koum fir Holland ze spéit.

Bescht Zeenen an der Finall
Am Eelefmeterschéisse konnt sech Spuenien géint Kroatien behaapten.

All d’Resultater an d’Statistike vun de Matcher

Back to Top
CIM LOGO