
D’Gäscht aus der Schwäiz hate méi Ballbesëtz an och d’Zweekampfquot goung zu Gonschte vum FC Lugano, ma virum Gol waren d’Spiller vum belsche Veräin Union Saint-Gilloise méi effektiv.
Schonn no 8 Minutten konnt den Eckert Ayensa den 1:0 fir Saint-Gilloise schéissen. An der 34. Minutt hat den Hajdari sech kuerz Zäit iwwert den 1:1 Ausgläich gefreet... ma am Videobeweis sollt sech erausstellen, dass eng Hand mat am Spill war, deemno huet de Gol net gezielt.
An der 71. Minutt huet den Terho op 2:0 fir d’Heemekipp erhéicht.
De Lëtzebuerger Nationalspiller Anthony Moris konnt seng Këscht bis zum Schluss propper halen, wat natierlech besser Chancë fir de Retourmatch bedeit. Deen ass dann den 31. August um 20.30 Auer zu Lugano.
Weider Resultater
Slavia Prag - Sorja Lujansk 2:0
BK Häcken - FC Aberdeen 2:2
Lufogorez Rasgrad - Ajax Amsterdam 1:4
Olimpija Ljubljana - Qarabag Agdam 0:2
Dinamo Zagrab - Sparta Prag 3:1
Slovan Bratislava - Aris Limassol 2:1
Klaksvik Itrottarfelag - Sheriff Tiraspol 1:1
Olympiakos Piräus - Cukaricki Belgrad 3:1
Linzer ASK - Zrinjski Mostar 2:1
Um 20. Spilldag an der zweeter norwegescher Liga huet Kongsvinger doheem mat 1:2 géint Fredrikstad verluer. De Lars Gerson stoung bei de Gäscht de komplette Match um Terrain. Kongsvinger ass mat 38 Punkten Zweeten.
Dräi Deeg no sengem Gol beim 2:2 géint Lübeck war de Laurent Jans en Dënschdeg den Owend an der drëtter däitscher Liga op en Neits bei engem Gol vu Mannheim bedeelegt. Bei der 1:2-Néierlag zu Dresden hat den Dynamo-Golkipp Problemer mat enger Flank vum Lëtzebuerger Nationalspiller, sou datt de Sohm dat ronnt Lieder nëmmen nach an den eidele Gol huet misse schéissen.
Mannheim huet no dräi Spilldeeg eréischt ee Punkt um Konto.