Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSt. Pauli mam Danel Sinani weider souveränen Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et eng däitlech Defaite fir Magdeburg mam Eldin Dzogovic. Um Samschdeg hat de Leandro Barreiro mat Mainz ee Punkt zu Leipzig matgeholl.
© AFP

Um Sonndeg gouf et fir St. Pauli eng weider Victoire an der zweeter Bundesliga. Mat 2:1 konnt den Tabelleleader sech doheem géint Paderborn duerchsetzen, woumat ee mat 5 Punkten Avance op Holstein Kiel weider souverän un der Spëtzt läit. Den Danel Sinani, deen um Dënschdeg den 2:1 fir d’Nationalekipp geschoss hat, souz déi 90 Minutten op der Bänk.

Fir Magdeburg ass et dogéint manner gutt gelaf. D’Ekipp vum Eldin Dzogovic, deen de ganze Match op der Bänk bliwwen ass, huet sech doheem mat 0:3 géint Hannover misse geschloe ginn. No dësem verpasste Befreiungsschlag läit een op Plaz 13 an der Tabell, dat awer mat enger Avance vu just 3 Punkten op eng direkt Ofstigsplaz.

Samschdeg

An der däitscher Bundesliga huet Mainz zu Leipzig ee Punkt erkämpft. Leipzig war de ganze Match iwwer déi dominant Ekipp, mee Mainz hat a sengem Golkipp Robin Zentner e séchere Réckhalt. De Leandro Barreiro, deen 90 Minutten duerchgespillt huet, hat an de leschte Minutte vum Match den 1:0 fir seng Faarwen um Fouss, awer ouni dat néidegt Gléck. Mainz huet no 27 Matcher 20 Punkten um Kont.

An der zweeter Bundesliga ass den Opsteiger Elversberg mat 0:5 beim Ofstigskandidat Braunschweig ënner d’Rieder komm. D’Saarlänner, mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte, louche schonn no 7 Minutten a Réckstand an hu kuerz virun der Paus den zweete Gol kasséiert. Am zweeten Duerchgang hat Elversberg dem Géigner net vill entgéint ze setzen a krut an de leschten 10 Minutten nach dräi Goler geschoss.

Eng Etage méi déif konnt de Laurent Jans mat Waldhof Mannheim dräi wichteg Punkten am Ofstigskampf sammelen. De Veräin aus der Kurpfalz huet sech 2:1 bei der zweeter Ekipp vu Borussia Dortmund behaapt a konnt déi zweet Victoire hannertenee feieren. Mannheim war den éischte Gol an der 75. Minutt gelongen an Dortmund konnt an der 90. Minutt per Eelefmeter ausgläichen. Mannheim ass awer weider ugerannt an de Riekmann konnt d’Gäscht mat sengem zweete Gol an der Nospillzäit an de siwenten Himmel schécken. De Laurent Jans stoung iwwer 90 Minutten als Banneverteideger gespillt. Mannheim steet no dëser Victoire provisoresch net méi op enger Ofstigsplaz.

An der hollännescher Eredivisie huet Nijmegen dem Tabellenéischten Einhoven déi éischt Néierlag zougefüügt. D’Ekipp vum Yvandro Borges konnt sech 3:1 behaapten a klotert domat op déi 5. Plaz am Championnat. Einhoven war zwar a Féierung gaangen, mee Nijmegen konnt nach virun der Paus ausgläichen a kuerz no der Paus nach een dropleeën. Den decisiven drëtte Gol ass no enger gudder Stonn gefall. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz wärend 90 Minutten op der Bänk.

Den Enis Mahmutovic feiert mat ZSKA Sofia eng wichteg Victoire an der héchster bulgarescher Liga. Am Derby géint Lokomotive Sofia gouf et eng 1:0-Auswäertsvictoire, woumat ZSKA de Réckstand op de Leader Ludogorez Rasgrad op d’mannst provisoresch op 3 Punkte reduzéiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de ganze Match iwwer um Terrain a gouf an der 48. Minutt mat Giel verwarnt.

An der franséicher Ligue 2 war et en erfollegräichen Owend fir den SC Bastia. Am Duell mam Opstigskandidat Stade Laval konnt sech d’Ekipp vum Florian Bohnert 2:1 behaapten a wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig sammelen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Ufanksformatioun a gouf an der 74. Minutt ausgewiesselt.

Francs Borains deelt sech an der belscher Pro League d’Punkte mat der zweeter Ekipp vum RSC Anderlecht. Obwuel Francs Borains an der 50. Minutt 3:0 vir louchen, koum um Enn just e Gläichspill eraus. Fir dem Alessio Curci seng Ekipp war et awer e wichtege Punkt am Ofstigskampf. De Lëtzebuerger koum net zum Asaz.

Freideg

Fir de Seid Korac a Vojvodina gouf et um 27. Spilldag an der serbescher Super Liga eng kloer 4:0-Victoire bei Radnik Surdulica. Vojvodina ass no der véierter konsekutiver Victoire Tabellesechsten an esou gutt wéi fir den Titel-Playoff qualifizéiert. De Lëtzebuerger stoung wärend 90 Minutten um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO