
Wéi schonns zu engem méi fréien Datum ugekënnegt wäert de fréieren Trainer vum RM Hamm Benfica, den Dan Santos, Coach vun der Dammennationalekipp ginn. Den 38 Joer ale Santos huet da mam Cristina Correia an dem Séraphin Ribeiro zwee Adjointen.
De Jean-Marie Noel wäert d’Golkipperinnen trainéieren an de Kevin Rutare fungéiert als “Préparateur physique”.