BiathlonStaffel-Victoire fir Russland virun Däitschland

RTL Lëtzebuerg
Zu Ruhpolding an Däitschland huet sech an der 4x7,5km Staffel bei den Häre Russland virun Däitschland a Wäissrussland konnten duerchsetzen. 
Den Eric Lesser ass mat Däitschland op déi 2. Plaz gefuer
Den Eric Lesser ass mat Däitschland op déi 2. Plaz gefuer
© AFP

Nodeems an deene leschten 2 Staffel-Courssen déi Russesch Häre jeeweils sech mat der 3. Plaz hu missen zefridde ginn, huet de Schlussleefer Maxim Tsvetkov e Samschdeg e3 Mëtteg fir d’Victoire gesuergt.

Beim leschte Schéissen huet de Russ 5 Mol an d’Schwaarzt getraff an esou fir d’Entscheedung gesuergt. Op der 2. Plaz klasséiere sech mat engem Réckstand vu 7 Sekonnen déi dätsch Biathleten. Mat engem Retard vun 23 Sekonne fiert déi belarussesch Staffel iwwer de wäisse Stréch.

Back to Top
CIM LOGO