
Mam Äishockey hei zu Lëtzebuerg verbënnt een haaptsächlech den Tornado Lëtzebuerg an d’Beefort Knights. Déi spillen zanter Joren am franséische respektiv de Beeforter Club am belsche Championnat. Mëttlerweil zéien déi zwou Ekippen an hiren Heemmatcher honnerte vu Leit un. D’Ambiance op den Äispisten ass deementspriechend gutt.
Den Interessi um Äishockey hëlt vu Joer zu Joer zou. Dofir wollt d’Federatioun d’lescht Joer schonns d’Luxembourg Hockey League grënnen. Wéinst der Corona-Pandemie konnt awer net gespillt ginn. Dëst Joer ass dat awer anescht.
D’LHL ass virun allem och geduecht, datt nieft de Spiller déi an den éischten Ekippe vu Beefort an dem Tornado aktiv sinn, och méi Spillpraxis kréien, déi een Niveau drënner spillen. Dat mécht et och fir nei Spiller méi interessant, esou den Alain Schneider, President vun der Äishockey-Federatioun.
D’Zil vun enger eegener Liga ass et, fir den Äishockey hei am Land nach méi bekannt ze maachen. D’Matcher tëscht dem Tornado an de Beefort Knights si fir den Alain Schneider d’Highlighte vum Championnat. De sportlechen Enjeu steet bei der LHL natierlech och am Mëttelpunkt. Den éischten aus der zweeter Divisioun steigt an déi éischten Divisioun erop, bei där et dann ëm de Championstitel an der “Luxembourg Hockey League” geet.
An der éischter Divisioun spillen den Tornado, Beefort an d’Puckers. Dat ass déi 2. Ekipp vum Tornado. An der zweeter Divisioun spille 5 Ekippen: Beefort 2, d’Cool Puckers, dat ass déi 3. Ekipp vum Tornado, d’Silver Backs, dat ass déi 4. Ekipp vum Tornado, eng Dammenekipp an dann och nach d’U18, den Nowuess vun den Huskys.
En Donneschdeg den Owend um 20.30 Auer ass den Optakt vum éischte Spilldag an der ieweschter Divisioun. An der zweeter Divisioun vun der LHL gëtt schonns zanter dem 14. Oktober gespillt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der 1. DivisiounLINK: Den Iwwerbléck vun der 2. Divisioun