Kontrakt bei Mainz leeft Enn der Saison ausSteet e Wiessel vum Leandro Barreiro op Benfica bevir?

RTL Lëtzebuerg
D'Fro, wou dem Leandro Barreiro seng futtballeresch Zukunft läit, steet scho méi laang am Raum.
© UWE ANSPACH / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Portugisesche Medien no kéint de 24 Joer ale Mëttelfeldspiller sech dem Rekordmeeschter Benfica Lissabon uschléissen. Béid Säite géife sech den Ament a Gespréicher befannen. D’Zil wier et, e Kontrakt ze ënnerschreiwen, dee vu Juli 2024 u lafe géif. Dat mellt ënner anerem CNN Portugal.

Iwwerdeems huet och den italieeneschen Transfer-Expert Fabrizio Romano op X geschriwwen, dass béid Säite sollen a Gespréicher matenee sinn.

Back to Top
CIM LOGO