SchisprangenStefan Kraft wënnt zu Klingenthal

RTL Lëtzebuerg
Am Schisprange bei den Hären ass et e Samschdeg de Mëtten zu Klingenthal an Däitschland weidergaangen.

Hei konnt den Éisträicher Stefan Kraft sech mat 267 Punkten duerchsetzen an hat domat eng Avance vu 5 Punkten op den Norweger Halvor Egner Granerud op der zweeter Plaz. Drëtten ass de Kamil Stoch aus Polen mat 261.90 Punkte ginn. Op de Plaze 4 bis 6 leie mam Markus Eisenbichler, Karl Geiger an Andreas Wellinger direkt dräi Däitscher.

Um Sonndeg sprangen d’Hären dann eng zweete Kéier an der Vogtlandarena, ier de Weltcup an der Schwäiz weidergeet.

Back to Top
CIM LOGO