
An der 90. Minutt vum Retourmatch am Playoff tëschent dem 1. FC Köln an dem FC Fehérvár, war hien aus Roserei op den Terrain gelaf an huet no eneen déi zwou Kaarte kasséiert. Domat wäert hie beim éischte Match an der Gruppephas vun der Conference League net kënnen op der Trainerbänk sëtzen.
Den FC Köln konnt de Match souverän mat 3:0 gewannen a sech domat fir d’Conference League qualifizéieren. D’Gruppephas gëtt e Freidegmëtteg ausgeloust.