E Sonndeg de Mëtteg ass eng leschte Kéier de Parcours um Herschesfeld opgebaut ginn. Déi héchste Spréng waren 1,55 Meter héich. Domat war de Grand Prix Liette Thiry, déi leschten a schwéierste Prüfung vun de Réiser Päerdsdeeg. An et war de groussen Ofschloss vum CSI***, deen iwwert 4 Deeg gaangen ass a bei deem 350 Päerd un de Start gaange sinn. 40 Reider hate sech um Enn fir de Grand Prix qualifizéiert, dorënner 3 Lëtzebuerger. Déi aktuell Lëtzebuerger Championne d’Odile Gierech, d’Charlotte Bettendorf an de Victor Bettendorf, deen am Weltranking den Ament esou gutt placéiert ass wéi nach kee Lëtzebuerger Sprangreider virun him. De Grand Prix ass vum Parcoursbauer esou opgebaut ginn, dass en d’Ufuerderungen erfëllt, déi Päerd a Reider brauchen, fir op Olympesche Spiller ze starten. D’Qualifikatioun gëllt awer just, wann ee kee Feeler huet, dat heescht keng Staang eroffält.
D’Charlotte Bettendorf hat 2 Staangen an ass um Enn op déi 23. Plaz komm. Beim Odile Gierech ass um zweetleschte Sprong d’Staang net leie bliwwen, wat déi 11. Plaz am Endklassement geheescht huet. Och beim Victor Bettendorf ass e Feeler um zweetleschte Sprong geschitt. Hie klasséiert sech als 10. am Grand Prix. Hien huet d’Mindestufuerderung fir bei den Olympesche Spiller ze starten allerdéngs schonn op aner Turnéiere gepackt, an zwar mat 4 verschiddene Päerd. Wat allerdéngs net bedeit, dass en zu Paräis d’nächst Joer sécher ka starten. Dofir muss hien ënnert de beschten zwee Eenzelreider sinn an der Lännergrupp, well Lëtzebuerg sech net als Ekipp fir d’Olympesch Spiller wäert qualifizéieren.
4 Reider hunn de Parcours ouni Feeler gemeeschtert a sinn an d’Stieche komm. 3 Schwäizer an ee Brasilianer. Och am Stiechen ass keng Staang gefall. 4 Nullronnen. Gewonnen huet domat dee Séiersten an dat war de Steve Guerdat, de Schwäizer, deen 2012 op den Olympesche Spiller Gold gewonnen huet. De Guerdat kritt domat e Präisgeld vu 16.250 Euro.
D’Plazen zwee an dräi ware fir säi Landsmann Pius Schwizer an de Brasilianer Joao Victor Castro Aguiar Gomes de Lima.
FOTOGALERIEN: Iwwerbléck vun alle Galerië vun de leschte Joren