
De Lëtzebuerger Steve Nothum huet et an der Qualifikatioun op déi 3. Plaz gepackt, ier hien am Total déi 6. Plaz erreeche konnt. Zu der Finall a senger drëtter WM sot den Nothum: “Et gouf allgemeng ganz staark geschoss, dowéinst sinn ech zefridde mat mengem Resultat an natierlech och mat menger perséinlecher Beschtleeschtung.”