
Am Match tëschent Olympique Marseille a Girondins de Bordeaux ass den 23 Joer jonken Nigerianer Samuel Kalu e Sonndeg den Owend no 10 Minutten zesummegebrach. Bei 30 Grad Aussentemperatur huet hie misse behandelt ginn, ier hie vum selwen nees opstoe konnt.
“Ech hu missen un den Tëschefall op der Europameeschterschaft denken”, sou de Bordeaux- a bis viru kuerzen nach Schwäizer Nationaltrainer Vladimir Petkovic.
Um Enn hu sech béid Ekippe mat 2:2 getrennt.