En Dram erfëllt sechStierweskranken Trainer Sven-Göran Eriksson dierf Liverpool trainéieren

RTL Lëtzebuerg
Den FC Liverpool erfëllt dem doudkranken, schweedeschen Trainer Sven-Göran Eriksson en Häerzenswonsch an hëlt hie fir een Dag an d'Coaching-Team.
© AFP

Um Dënschdeg huet de Club matgedeelt, dass den Eriksson den 23. Mäerz beim Spill vum FC Liverpool géint Ajax Amsterdam an der Anfield Road wäert am Asaz sinn.

De fréieren engleschen Nationaltrainer ass onheelbar u Bauchspeicheldrüsekriibs erkrankt. An engem Interview huet hien dës lescht iwwert seng Léift zum Club geschwat an erzielt, dass hie gären eng Kéier Trainer bei Liverpool gewiescht wier. De Jürgen Klopp, Teammanager vun de Reds, huet him doropshin ugebueden, dësen Dram op d’mannst symbolesch ze erméiglechen.

“Dat eenzegt, dat ech soe kann ass, dass hien absolut wëllkomm ass, fir hei hin ze kommen, an hie kann op menger Plaz a mengem Büro setzen an een Dag laang meng Aarbecht maachen, wann hie wëll. Dat ass kee Problem”, sot de Klopp.

Den Eriksson war an England den Teammanger vu Leicester City a Manchester City. Elo däerf hie mat de fréiere Legende John Barnes, Ian Rush an Josh Aldridge als Trainer-Quartett bei de Reds dobäi sinn.

Beim alljärleche Benefiz-Spill vu Liverpool gi Spenden an enger Héicht vu Milliounen Euro gesammelt.

Back to Top
CIM LOGO