Coupe de LuxembourgStroossen eliminéiert d'Fola a verrécktem Match, Hueschtert klappt Péiteng

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg gouf am nationale Futtball de gréissten Deel vun de verbleiwende Matcher vun der 3. Ronn an der Coupe gespillt.
© Serge Olmo

An engem geckege Match konnt Stroossen sech mat 4:3 géint d’Fola behaapten. D’Lokalekipp war scho ganz fréi mat 3:0 a Féierung gaangen, ma d’Fola huet sech nach eemol staark zréckgekämpft a konnt kuerz viru Schluss de Comeback komplettéieren. Domat war et awer net gedoen, well Stroossen nees a Féierung goe konnt an domat de Match decidéiert huet.

Hueschtert konnt trotz fréiem Réckstand géint Péiteng d’Partie dréinen a sech um Enn mat 2:1 duerchsetzen, woumat eng weider BGL-Ekipp eliminéiert ass.

Resumé vum Coupematch Hueschtert - Péiteng
Hueschtert konnt trotz fréiem Réckstand géint Péiteng d’Partie dréinen a sech um Enn mat 2:1 duerchsetzen.

Obwuel Wolz bis kuerz viru Schluss mat 3:1 a Féierung louch, sollt d’Ekipp aus der ieweschter Spillklass et net an déi nächst Ronn packen. Kanech konnt an de leschte Minutten nach op 3:3 setzen, soudass et an d’Verlängerung gaangen ass. Do huet et laang no Eelefmeterschéissen ausgesinn, ma och do ass Kanech de Lucky Punch gelongen, soudass een um Enn mat 4:3 gewënnt.

Rëmeleng huet sech iwwerdeems däitlech mat 4:0 géint Miersch duerchgesat. Den Opsteiger an d’BGL Ligue a Finalist aus dem leschte Joer hat der Ekipp aus der Éierepromotioun net vill entgéintzesetzen an ass domat schonn an der 1/16-Finall eliminéiert.

Laang huet et dono ausgesinn, wéi wann dem Red Star Märel-Belair d’Sensatioun géint Hesper gelénge kéint. De Red Star war fréi 2:0 a Féierung gaangen, a bei Hesper sollt et laang net fir méi wéi den Uschlossgol duergoen. Ma kuerz viru Schluss huet de Swift dunn awer nach den 2:2 fonnt a de Match kuerz drop souguer nach virun der Verlängerung entscheet. Den Tabellenzweeten aus der BGL Ligue kënnt soumat mat engem bloen An dovun an zitt mat 3:2 an d’Aachtelsfinall an.

De Racing, Munneref, Nidderkuer a Monnerech sollte wéineg Problemer mat Ekippen aus méi déiwen Divisiounen hunn a konnte sech gréisstendeels souverän fir d’Aachtelsfinall qualifizéieren.

D’Duell tëscht de BGL-Ligue-Ekippe Schëffleng a Käerjeng an och d’Partie tëscht Rodange a Beetebuerg hunn iwwerdeems wéinst de Wiederkonditioune misse verluecht ginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO