BGL LigueStroossen klappt de Racing, Nidderkuer gewënnt souverän

RTL Lëtzebuerg
Donieft hat Diddeleng keng Problemer mat Hamm an d’Fola ka sech géint Péiteng duerchsetzen.

E Samschdeg am Nomëtteg war am nationale Futtballchampionnat den Optakt vum 15. Spilldag an der BGL Ligue an domat dem leschte virun der Wanterpaus.

De Racing sicht weider seng Form a bleift beim 0:3 géint Stroossen am drëtte Match hannerteneen ouni ee Punkt. De Perez huet seng Ekipp no 22 Minutten a Féierung bruecht, ier de Runser kuerz virun der Paus nach een dropgesat huet. De Racing huet an der 1. Hallschent eng schwaach Leeschtung gewisen a war virun allem offensiv net op der Héicht. D’Ekipp vum Jeff Saibene ass dunn zwar besser aus de Kabinne komm, huet et awer verpasst fir ze verkierzen an de Match nach eemol spannend ze maachen. An der 89. Minutt huet de Bernardelli da fir dat verdéngten Endresultat gesuergt, woumat Stroossen weider um F91 drubleift, de Racing awer op déi 5. Plaz fält an elo 4 Punkte Réckstand op Stroossen huet.

D’Fola wënnt iwwerdeems däitlech mat 3:0 géint Péiteng. Laang stoung et 0:0 an enger attraktiver Partie, an där béid Ekippe gutt Chancen zur Féierung haten. No der Paus war Union Titus souguer déi besser Ekipp, ma di Péitenger hunn hir Chancen awer net genotzt a goufen an der 71. Minutt vun der Fola a Persoun vum Caron dofir bestrooft. An der 77. Spillminutt huet d’Fola dës Féierung dann duerch ee Fräistouss vum Grisez ausgebaut a kuerz duerno de Match duerch e Gol vum Boutrif endgülteg zu senge Gonschten entscheet. Déi Escher kommen doduerch lues a lues nees un d’Tabellespëtzt erun a leien elo 4 Punkten hannert Diddeleng, Union Titus bleift den 10..

Nidderkuer huet zu Wolz keng Problemer a setzt sech souverän mat 3:1 duerch. No zwee Goler vum Ben Vogel (17’, 36’) war de Match scho relativ fréi entscheet, virun allem well Wolz souwuel an der Offensiv wéi och an der Defensiv ëmmer rëm net gutt ausgesinn huet. Och an der 2. Hallschent waren d’Gäscht méi no um 3:0, deen dunn an der 74. Minutt och duerch ee Selbstgol vum Dachelet gefall ass. De Gol vum Cornet an der Nospillzäit huet dorun näischt méi geännert. Nidderkuer bleift domat um Leader Diddeleng drun an huet weiderhi just ee Punkt manner, wärend Wolz 13. bleift a sech net aus der Relegatiounszon ka befreien.

Am Duell tëscht dem Tabellenéischten an dem Tabelleleschten hat den F91 Diddeleng keng Problemer bei Hamm a konnt um Enn eng däitlech 4:0-Victoire feieren. No Goler vun Hadji (12’) a Muratovic (20’, Eelefmeter) war d’Spannung scho méi oder wéineger raus aus dem Match, och well Hamm offensiv keng Iddien hat. De Match war gepräägt vu vill Asaz a ville Feeler, soudass ni richtege Spillfloss erakomm ass. An der 61. Minutt konnt den Hadji mat sengem zweete Gol vum Dag op 3:0 erhéijen, ier de Sinani 6 Minutte méi spéit mat engem Fallrückzieher nach eemol een dropsetze konnt. Den F91 bleift domat iwwert de Wanter den Tabelleleader, wärend Hamm mat 14 Punkte Réckstand op déi 12. Plaz ofgeschloene Leschte bleift.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO