
Op der 2.950 Meter laanger an technesch usprochsvoller Super-G-Streck zu Wengen an der Schwäiz ass de Fransous Cyprien Saarazin mat der Startnummer 3 déi séierst Zäit gefuer. De Marco Odermatt koum 0,58 Sekonnen hannendrun op Plaz 2. De Kilde hat 1 Sekonn Réckstand.
Eng schwéier Chute gouf et vum Fransous Alexis Pinturault. No engem Sprong ass en ze vill a Réckelag geroden an huet d’Kontroll verluer. En huet musse mam Rettungshelikopter an d’Spidol geflu ginn.

Am Sprint zu Ruhpolding an Däitschland huet d’Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold eng souverän Victoire gefeiert. Si hat no de 7,5 Kilometer eng Avance vun 18 Sekonnen op d’Mona Brorsson aus Schweden an 19 Sekonnen op d’Lisa Vittozzi aus Italien. Déi dräi Athleetinne sinn am Schéissen ouni Feeler bliwwen.