Réiser PäerdsdeegSuccès fir de Sofian Misraoui

RTL Lëtzebuerg
Um leschten Dag vun de Réiser Päerdsdeeg stoung d'Haaptépreuve um Programm.
© Emile Mentz

Beim Grand Prix du Luxembourg, engem CSI 3*-Sprangen iwwer 1.55 Meter, gouf et ee Succès fir de Sofian Misraoui mam Geniale Lulu. De Fransous konnt sech iwwert ee Präisgeld vu 16.250 Euro freeën.

De Resumé vun de Réiser Päerdsdeeg
Beim Grand Prix du Luxembourg, engem CSI 3*-Sprangen iwwer 1.55 Meter, gouf et ee Succès fir de Sofian Misraoui mam Geniale Lulu.

Ënner den 41 Reider, déi sech fir dës Kompetitioun qualifizéiere konnten, waren och zwou Lëtzebuergerinnen. Fir d‘Odile Gierech ass mam Kiss-Me eng 22. Platz erausgesprongen. D‘Alexia Hilpipre, mam Casanova 468, ass um Enn op déi 26. Platz komm.

Den nächste Weekend geet et zu Réiser mam Lëtzebuerger Championnat a mam Championnat vun der Groussregioun weider. Op RTL.lu ginn d’Competitiounen am Livestream iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO