WantersportSuccès vum US-Amerikaner Bryce Benner zu Val Gardena

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de schlechte Wiederkonditiounen haten am Schi-Alpin déi 4 éischt Descentë vun der Saison bei de Männer mussen ofgesot ginn.

Fir den Optakt gouf et um Donneschdeg zu Val Gardena an Italien e Succès an der Descente vum US-Amerikaner Bryce Benner. Um Podium stoungen och nach den Norweger Aleksander Aamodt Kilde an de Schwäizer Marco Odermatt.

Am Biathlon geet et déi nächst Deeg zu Lenzerheide an der Schwäiz ëm Victoiren. Als éischt Course stoung en Donneschdeg bei den Dammen e Sprint iwwer 7,5 Kilometer um Programm. D’Victoire huet sech d’Franséisin Justine Braisaz-Bouchet geséchert. Si hat eng Avance vun 12 Sekonnen op d’Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold. Op déi drëtt Plaz ass d’Lisa Vittozzi gelaf. D’Italienerin hat e Réckstand vu 17 Sekonnen. Déi dräi éischt Damme waren alleguer feelerfräi bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO