Den Thermometer huet 22 Grad an de Wéngerten ugewisen. Domadder krut d’Ekipp ronderëm den Nico Peters dann och Stëmme vu 600 Participanten. An déi konnte wielen tëschent gréng, rout oder blo, dat heescht: 9, 18 oder 14 Kilometer. Schonn no den éischte Kilometere gouf et Stëmmung mat Musek a Fiederwäissen oder besser gesot Fiederrosé.
De Sven Remakel hat de Choix getraff, op d’Degustatiounen ze verzichten an huet genau esou wéi d’Tetiana Vernigor d’Course vun der laanger Distanz gewonnen. D’Leefer an d’Leeferinne brauche keng 5 Joer ze waarden. D’Organisatiounsteam ronderëm den Nico Peters huet de Choix vum Datum fir d’nächst Joer scho gemaach, nämlech den 13. Oktober, mat enger Optioun op schéint Wieder an e gudde Cru.